Archive for the 'IT' Category

Hotcity – Letzebuerg ee groussen Hotspot

Laang ugekennegt ass et lo sait geschter sou wait. E gratis wireless Netzwierk an der VdL. Net manner wéi 58 Hotzpotz an der Stad sollen et erlaaben d’ganz Stad ze couvréiren, an sou mobilen Internet acces flächendeckend assuréiren. Zur Zait sin em Wort no 31 Antennen aktiv, a couvréiert gett:

l’avenue Marie-Thérèse , le boulevard Grande-Duchesse Charlotte, l’ensemble du parc municipal, le boulevard Joseph II, le boulevard de la Foire, le Glacis, le rond-point Schuman, le boulevard Royal, tout le centre-ville, la zone piétonne, le plateau du Rham et une partie de la côte d’Eich.

Klengt gutt, gett direkt mol getest. Am moment setzen ech am inter, do klappt et impec. Eng kéier op hotcity.lu umellen (username a passwuert eraussichen), a lass geet et. Un enger 12 Mbit/s Connectioun ka wuel keen meckeren. De site ass och propper an iwwersiichtlech gestalt, och wann en zur Zait nach wéineg Content bidd. A wann déi ugekennegt Zousatzleeschtungen bis fonktionnéiren, wéi “l’extension de l’offre pour la recherche localisée de magasins ou de restaurants, un guide électronique, un service d’urgence pour les personnes âgées et visant à l’amélioration de la sécurité publique”, da bitt daat ganzt vlait och e Grond fir eis Stad als modern ze bezeechnen. Firausgesaat déi Zousaazofferen gin iwwert dei vun eiser City Managerin Geraldine Knudson am paperjam ugekenngten proximity marketing strategy eraus. Well Banneren fir aktuell Reklammen am Alima an e McDonals 1x1si secher daat laescht waat op dem hotcity website feelt. Mais wann de contenu da net just vun der Gemeng selwer a vun de Commercanten zur Verfügung gestalt gett, mais a beschter web 2.0 manéier plattformen geschaaf gin fir user generated content anzebauen (ech denken u resto, cafe & commerce bewertungen vun de user), kéint et iergendwann ganz intressant gin.

Waat ze bedaueren ass si just statements wéi “Tous les services offerts resteront gratuits jusqu’à la fin de 2007.” De Michel Thiel schreiwt zwar am Wort:

Nach Abschluss der Testphase, ab Juli 2008 also, wird der freie Zugang zum Internet dann gebührenpflichtig. Tarifstrukturen sollen dann erst angekündigt werden. Die meisten Inhalte des Hotcity-Portals sollen weiterhin kostenlos angeboten werden.

mais, wann den acces sollt op eemol kaschten, a wann d’Inhalter net méi sin wéi se vun enger privater, reklammfinanzeierter Informatiounsplattform keinten ugebueden gin, dann waer daat wuel e séieren Doud fir deen Projet.

Aanerersait liest een emmer rem, dass sou Projeten finanziell net aanescht ze droen sin, well net genuch Leit et notzen. Och wann déi 3,2 Mio, déi de Projet am ganzen waert kaschten, wait ennert de 50Mio leien déi se zu Singapur fir e flächendeckende WLAN ausgin, alleng mat privaten Notzer ass et op Dauer net genuch ausgelaascht fir sou en Investissement als reneg Gratis service um Bierger unzebidden. Zu Blanquefort waren se méi schlau, an hun sech dat ganzt extern finanzéiren geloos. An dee FON Projet fonktioneiert och a Grousstied wéi Wien deelweis scho ganz gutt.

Bleiwt nach d’Fro, waat mat de kommerziellen Offeren geschitt, déi schon op diversen Plaazen wireless internet ubidden. Wann déi hir oft irrealistesch Praisstruktur iwwerdenken, an daat och op hir servicer ausserhalb vun der Stad ausdehnen, ass et vlaicht geschwenn a Ballungsgebitter net méi néideg eng eegen Telefonslinn am Haus ze hun. D’Suerg, dass deen anonymen service fir illegal aktivitéiten giff genotzt gin, zerschleit de Pit David vum teschneschen Dengscht vun der Stad Letzebuerg, well d’acces points permanent doropshin iwwerwaacht gin an noutfalls kéinte blokéiert gin.

Anyway, e gudde Start. A spéitsdens wann dann wéi zu Zurech oder an England och d’Busser mat WIFI Hotspots equipeiert gin, haette mer mobilen Internet Acces och wierklech flächendeckend.