Archive for September, 2007

L’essentiel, un journal de qualité gratuite pour le Luxembourg

Dest ass en update zum Artikel iwwer den "L'Essentiel", déi soi-disant éischt Letzebuerger Gratiszeitung.

Jonk, urban, kaafkräfteg war geschter, lo gouf en neien Zielpublikum fir den essentiel definéiert:

Zielpublikum sind insbesondere die mehr als 100.000 Beschäftigten, die aus dem grenznahen Ausland nach Luxemburg zur Arbeit kommen.

100.000 Grenzgänger déi alleguer glaichgeschalt déi nämlecht Nouvellen ze liesen kréien; why not, mir lauschtren jo och all just den 92,5. An de Summerméint keng Zeitung, well de manque u potentiellen Lieser eng Diminutioun vun de Finanzementer (Publicitéit) mat sech bréngt; net schlemm, am Summerlach geschitt souwisou naischt wichteges.

J’ai souvent envie de refiler 1 € à ces pigeons pour qu’ils aillent s’acheter un vrai journal. (via)

Am Ausland ass een sech no e puer Joer Experimentatioun mat der presse gratuite emmer nach net secher ob dee System lo Zukunft huet oder awer net lucratif ass. Während Metro, Virreider vun der presse gratuite mat Setz zu Letzebuerg, hir Publikatioun an der Schwaiz, an Dänemark, Polen, Argentinien an UK schon opgin hun oder de Business verkaaft hun (Finland), ass déi Form vun Dagespresse zu Letzebuerg bis elo inexistent.

Symbolfoto L'essentiel, copyright Editpress

Symbolfoto L'essentiel, copyright Editpress

Or wann de Pietre Supino (Vizepräsident vum Verwaltungsrot vun Edita, Joint venture Editpress&Tamedia) da seet “(…) dass Editpress ein ähnliches publizistisches Verständnis wie Tamedia pflege, das auf Unabhängigkeit, Offenheit und Streben nach Qualität beruhe”, an d’Tageblatt deen Artikel mat desem Cover bebildert (Eng Sélectioun aus handy-sonneries, Doudschlag, Moud, Konsumenteninfo, Sport a paris hilton), da froen ech mech ob Qualitéit bei der neier “Pendlerzeitung” ganz aanescht verstan gett, oder ob just d’Symbolbild express sou gewielt war well Tageblatt net sou glécklech mat daer Konkurrenz aus eegenem Haus ass.

De Video deen editpress fir de lancement difuséiert, bidd leider keng Zousazinfo, a léisst eis mat der Hoffnung dass d’Qualitéit vun der Zeitung awer besser waert sin wéi déi vun deene newsclips déi d’Tageblatt sait e puer Wochen hei iwwer youtube diffuséiert.

63 Prozent der Nichtluxemburger Gebietsansässigen und 61 Prozent der 14- bis 25-Jährigen lesen keine Tageszeitung” schreiwt d’Tageblatt hei. Da bleiwt d’Fro ob all déi sech ab dem 10. Oktober (date de lancement) als Zeitungslieser bezeechnen daerfen, nemme well se all moies am bus e potpurri aus sport, people, tele a panorama news iwwerfléien.

EDIT: 24/09: De Paperjam schreiwt hei vun fréieren Iddien vun ISP & Editpress fir zesummen sou e gratuit ze lancéiren. A verréit eis dass eng Sait Reklamm an der Zeitung scho fir 3280 EUR ze kréien ass (1/3 vum Annonceprais am Wort, awer emmer na méi deier wéi am établéierten quotidien).

EDIT 10/10: Haut ass et lassgaang, l’essentiel est lancé.

Concertagenda: Andy McKee zu Déifferdéng

Nodeem ech onglecklecherweis réischt ze speit vun desem grandiosen Concert héiren haat, a mech mat youtube opnahmen bis zu hirer naechster appearence hinhaalen, hei dann mat enger ubruechter Firlaafzait eng Paerel ennert de Concerts-Ukennegungen:

Den Andy McKee (28) spillt akustesch Guitar, Perkussioun, Harfe, an daat alles beieneen. Bekannt, nee, berühmt ass e gin, wéi sech dat an der informatiounsgesellschaft gehéiert, iwwer den Internet. Méi genee iwwer youtube, wou en sech Ufank des Joers ennert den top rated music clips just na selwer konnt iwwerbidden (2mol). Sou haat en déi Zait mat Drifting, Rylynn an Africa d’Plaazen 1, 2 an 3 am youtube ranking fir sech gebucht.

Mettlerweil um gudde Wee zum stardom, verpasst de Fingerstyle Artist et natiirlech och net sech engem Letzebuerger publique virstellen ze kommen. Zimlech exklusiv, sengen Tourdaten no ass e soss naemlech just an de States, Japan an UK ennerwee. Wéi et mer schéngt iwwerall just mat Guitar, ouni aaner Museker, an ouni Gesang, also mat deem waat e wéi keen zweete beherrscht. Daat ganzt de 24. November am Déifferdénger Schlass, wéi et hei um centenaire site vun der Stad vermierkt ass. Lucky us. Wou gin et Ticketen?

A wa mer grad bei Concerten sin : wou fannen ech en up to date Agenda vu Concerten zu a rondrem Letzebuerg? Huet een sech déi Méi gemaach sou eppes zesummenzestellen, oder muss ee weiderhin bei den atelier (bloodhound gang am Oktober, 90s and still got it), d’kufa (peuple de l’herbe am Oktober, ganz grouss), d’abtei neumünster (legotrip dese Méindeg am Kader vu Meluxina), Rockhal (chuck berry am November, rock n roll legend !) a limite souguer RTL Agenda kucken goen fir ze wessen waat an deem Kontext usteet? Plurio gesait jo aus wéi e gudden Ufank, ass awer a mengen Aen iwwerlueden. Kann een sech do net nach selwer Filteren drop programméiren (den Agenda um neien VdL site mecht daat jo och someway), da kéint et jo intressant gin. Wee wees daat deem schreiwen ech e plus an.

EDIT: notzbar an deelweis flott gemaachen Agendas fennt een bei Fanhead, DisAgreement a Backline.

Andy McKee rediscovered via coffee and tv