Concertagenda: Andy McKee zu Déifferdéng

Nodeem ech onglecklecherweis réischt ze speit vun desem grandiosen Concert héiren haat, a mech mat youtube opnahmen bis zu hirer naechster appearence hinhaalen, hei dann mat enger ubruechter Firlaafzait eng Paerel ennert de Concerts-Ukennegungen:

Den Andy McKee (28) spillt akustesch Guitar, Perkussioun, Harfe, an daat alles beieneen. Bekannt, nee, berühmt ass e gin, wéi sech dat an der informatiounsgesellschaft gehéiert, iwwer den Internet. Méi genee iwwer youtube, wou en sech Ufank des Joers ennert den top rated music clips just na selwer konnt iwwerbidden (2mol). Sou haat en déi Zait mat Drifting, Rylynn an Africa d’Plaazen 1, 2 an 3 am youtube ranking fir sech gebucht.

Mettlerweil um gudde Wee zum stardom, verpasst de Fingerstyle Artist et natiirlech och net sech engem Letzebuerger publique virstellen ze kommen. Zimlech exklusiv, sengen Tourdaten no ass e soss naemlech just an de States, Japan an UK ennerwee. Wéi et mer schéngt iwwerall just mat Guitar, ouni aaner Museker, an ouni Gesang, also mat deem waat e wéi keen zweete beherrscht. Daat ganzt de 24. November am Déifferdénger Schlass, wéi et hei um centenaire site vun der Stad vermierkt ass. Lucky us. Wou gin et Ticketen?

A wa mer grad bei Concerten sin : wou fannen ech en up to date Agenda vu Concerten zu a rondrem Letzebuerg? Huet een sech déi Méi gemaach sou eppes zesummenzestellen, oder muss ee weiderhin bei den atelier (bloodhound gang am Oktober, 90s and still got it), d’kufa (peuple de l’herbe am Oktober, ganz grouss), d’abtei neumünster (legotrip dese Méindeg am Kader vu Meluxina), Rockhal (chuck berry am November, rock n roll legend !) a limite souguer RTL Agenda kucken goen fir ze wessen waat an deem Kontext usteet? Plurio gesait jo aus wéi e gudden Ufank, ass awer a mengen Aen iwwerlueden. Kann een sech do net nach selwer Filteren drop programméiren (den Agenda um neien VdL site mecht daat jo och someway), da kéint et jo intressant gin. Wee wees daat deem schreiwen ech e plus an.

EDIT: notzbar an deelweis flott gemaachen Agendas fennt een bei Fanhead, DisAgreement a Backline.

Andy McKee rediscovered via coffee and tv

2 Responses to “Concertagenda: Andy McKee zu Déifferdéng”


  1. 1 Fireball September 7, 2007 at 8:53 pm

    Op http://disagreement.net/ kann en bei “Concerts” emmer mol kucken goen, och wann do oft just Saachen aus der “Rock”szene sin, et ass besser wéi naischt.

  2. 2 Checo September 7, 2007 at 9:38 pm

    Net iwwel, do kennt jo nawell eppes zesummen, thanks. Mir ass och nach de backline agenda agefall, net sou komplett, mais heinsdo och mat geheimtipps.

    an iwwer disagreement kann ech direkt dann na main concertkalenner fellen:

    element of crime de 14.9. am exhaus zu treier
    kevin devine den 2.10. am exhaus zu treier

    (tix op http://www.kartenvorverkauf-trier.de/ wann nach ee wellt)


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: