L’essentiel: 24 points. La presse gratuite au Luxembourg est lancée

Een Daach éier et lassgeet schreiwt d’Tageblatt alt rem iwwert deen neien essentiellen Presseproduit, deen all Daach 60.000-fach waert Busser an Busstatiounen zu Letzebuerg vollspammen:

Derzeit werden sogenannte Null-Nummern produziert, um den ganzen internen Redaktions- und Produktionsablauf durchzuspielen. Diese Nummern entsprechen im Wesentlichen dem, was die Leser auch ab dem 10. Oktober (…) erwartet

Souvill Éierlechkeet haett ech net do erwaart.

Haut ass et da lassgaangen mat der Distributioun, an et koum daat waat een erwaart huet. Inhaltlech oberflächlech Noorichtebléck déi sollen déi noutwennegst Informatiounen zur Verfügung stellen.

Um Internet Optrett, deen propper gemaach ass an schon eng ganz retsch Flächen fraihällt fir dass déi kleng Inhalter vu groussen Reklammen kennen encadréiert gin, gesait een gutt waat als Interessensgebitter vun der Zielclientèle considéréiert gett: A la une gett et brad pitt an rugby, keen test adn a keng nobelpraisser. Déi aaner Kategorien (monde, france, sport, people, tendance, gamezone, etc) gesin aus wéi di vu google news oder wikio automatesch syndicated sammlungen vun agences de presse meldungen, also naischt wat der Welt na gefeelt huet. Intressant fir Leit am Ausland ass wuel d’Kategorie Luxembourg, fir vlaicht e puer méi redactionel Baitreg zum Geschéien zu Letzebuerg mat ze kréien. Leider wéi bei dem gros vun eisen online Medien och alles ouni RSS, fir dass och emmer d’Reklammen kennen ageblend bleiwen.

D’läscht Joer huet de Cyril nach den i-mail, de groussen Reklammepaak fir welleg Konsumenten, a seng Lescht vun presse gratuite au Luxembourg gesaat. Abee haut hu mer dann en Konglomerat vun deem, grousse Fotoen a Pressemeldungen, daat sech Zeitung nennt. An op de letzebuerger blogs weisst sech och nach eng gewesse Skepsis. Alt gutt dass een nach selwer fir sech kann décidéiren waat da lo wierklech wiesentleches ass an der daagdeeglecher Informatiounsflut.

Bleiwt nach ze erwähnen dass ISP elo geschwenn och hiren journal de navetteurs rausgett. Point 24 huet en gros déi nämlecht Objektiver, also de Leit e Reklammbliedchen als Zeitung unzedréien. Den 18. Oktober gin d’Reklammspraisser an deem Medium présentéiert, 60.000 Exemplären sin heivun firgesin, d’Inhalter wärten sech kaum vun der Qualitéit vum l’essentiel oofsetzen, an den Notzen fir de Biirger bleiwt eis weiderhin schleierhaft.

De marché ass grouss, an Noorichten zesummesetzen duerch copy paste kann hautjesdaachs jo all Internet User. Wann den Drock ze finanzéiren ass an eis Banken a Supermarchéen weider wéi bänzeg Reklamm maachen, kann do eppes ganz grousses op eis duerkommen.

Ville de Luxembourg, stellt alt méi grouss Poubellen op.

EDIT 23/10: De Cyril proposéiert en neien Numm fir eng zukünfteg ähnlech Publikatioun: le superflu.

7 Responses to “L’essentiel: 24 points. La presse gratuite au Luxembourg est lancée”


  1. 1 Max October 10, 2007 at 3:58 pm

    Real-World-Spam. Agenturmeldungen op Pabeier mat Reklammen. De Bildblog weist eis jo wat do heinsto aus den Agenturen tickt.

  2. 2 Thierry October 10, 2007 at 5:01 pm

    Wat ech nawell lëschteg fannen ass, dass si hier Zielclientèle offensichtlech och net kréien. Ech sinn iwwer sou een Artikel vum Hugh Grant gestolpert wou deen sech angeblech mat iergendwelche Studentinnen vergnügt huet. D’Artiklen kann ee jo flotterweis bewerten, a wat steet bei deem Artikel? “Le score moyen de cet article est de 1.67. Il est ainsi considéré comme Vraiment pas important.” D?Redaktioun assméi blöd wéi d’Lieser. Dat kann net gudd goen. :D

  3. 3 strawdog October 20, 2007 at 3:49 pm

    Ech hunn die Zeitung eng Kéier duerch gebliedert, wärt och die läscht Kéier gewiescht sinn. Gudd dass ech sou eppes weder brauch fir d’Zait doud ze schloen nach fir mech ze ‘informéieren’ … ;)

  4. 4 claudeRX November 2, 2007 at 7:30 pm

    Ech sinn mol gespaant, wei Point 24 sech schloen waert. Bessert se dei Schwaachpunkten vun “L’essentiel” aus? Waat machen se aanescht? Welch Themen spriechen se un? Etc etc. Je mei Episoden ech vun der Essentiel liesen, desto mei fannen ech se “superflu”, wei se schon genannt gouf. D’Idee ass wahrlech gudd (an och aus Kanada/USA vum “Metro” iwwerholl), mee d’Ausfeirung ass besselchen..naja ;)
    Mee wei gesoot, mol kucken wei Point24 daat leist.


  1. 1 L’essentiel, un journal de qualité gratuite pour le Luxembourg « assisted thinking Trackback on October 10, 2007 at 12:02 pm
  2. 2 L`Essentiel du Luxembourg en 20 minutes « assisted thinking Trackback on October 10, 2007 at 12:03 pm
  3. 3 blo:Geescht » All We Need Trackback on October 14, 2007 at 4:07 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: