L’essentiel, un journal de qualité gratuite pour le Luxembourg

Dest ass en update zum Artikel iwwer den "L'Essentiel", déi soi-disant éischt Letzebuerger Gratiszeitung.

Jonk, urban, kaafkräfteg war geschter, lo gouf en neien Zielpublikum fir den essentiel definéiert:

Zielpublikum sind insbesondere die mehr als 100.000 Beschäftigten, die aus dem grenznahen Ausland nach Luxemburg zur Arbeit kommen.

100.000 Grenzgänger déi alleguer glaichgeschalt déi nämlecht Nouvellen ze liesen kréien; why not, mir lauschtren jo och all just den 92,5. An de Summerméint keng Zeitung, well de manque u potentiellen Lieser eng Diminutioun vun de Finanzementer (Publicitéit) mat sech bréngt; net schlemm, am Summerlach geschitt souwisou naischt wichteges.

J’ai souvent envie de refiler 1 € à ces pigeons pour qu’ils aillent s’acheter un vrai journal. (via)

Am Ausland ass een sech no e puer Joer Experimentatioun mat der presse gratuite emmer nach net secher ob dee System lo Zukunft huet oder awer net lucratif ass. Während Metro, Virreider vun der presse gratuite mat Setz zu Letzebuerg, hir Publikatioun an der Schwaiz, an Dänemark, Polen, Argentinien an UK schon opgin hun oder de Business verkaaft hun (Finland), ass déi Form vun Dagespresse zu Letzebuerg bis elo inexistent.

Symbolfoto L'essentiel, copyright Editpress

Symbolfoto L'essentiel, copyright Editpress

Or wann de Pietre Supino (Vizepräsident vum Verwaltungsrot vun Edita, Joint venture Editpress&Tamedia) da seet “(…) dass Editpress ein ähnliches publizistisches Verständnis wie Tamedia pflege, das auf Unabhängigkeit, Offenheit und Streben nach Qualität beruhe”, an d’Tageblatt deen Artikel mat desem Cover bebildert (Eng Sélectioun aus handy-sonneries, Doudschlag, Moud, Konsumenteninfo, Sport a paris hilton), da froen ech mech ob Qualitéit bei der neier “Pendlerzeitung” ganz aanescht verstan gett, oder ob just d’Symbolbild express sou gewielt war well Tageblatt net sou glécklech mat daer Konkurrenz aus eegenem Haus ass.

De Video deen editpress fir de lancement difuséiert, bidd leider keng Zousazinfo, a léisst eis mat der Hoffnung dass d’Qualitéit vun der Zeitung awer besser waert sin wéi déi vun deene newsclips déi d’Tageblatt sait e puer Wochen hei iwwer youtube diffuséiert.

63 Prozent der Nichtluxemburger Gebietsansässigen und 61 Prozent der 14- bis 25-Jährigen lesen keine Tageszeitung” schreiwt d’Tageblatt hei. Da bleiwt d’Fro ob all déi sech ab dem 10. Oktober (date de lancement) als Zeitungslieser bezeechnen daerfen, nemme well se all moies am bus e potpurri aus sport, people, tele a panorama news iwwerfléien.

EDIT: 24/09: De Paperjam schreiwt hei vun fréieren Iddien vun ISP & Editpress fir zesummen sou e gratuit ze lancéiren. A verréit eis dass eng Sait Reklamm an der Zeitung scho fir 3280 EUR ze kréien ass (1/3 vum Annonceprais am Wort, awer emmer na méi deier wéi am établéierten quotidien).

EDIT 10/10: Haut ass et lassgaang, l’essentiel est lancé.

9 Responses to “L’essentiel, un journal de qualité gratuite pour le Luxembourg”


  1. 1 Thierry September 20, 2007 at 6:17 pm

    Ech liesen keng Dageszeidung, well ech d’Noochriichten schon zwee Deeg firdrunner am Internet krut. Wat haut op der Titelsäit steet, gouf gëschter Owend schon als Falschmeldung entlarvt. Da ginn ech dach keng Suen fir eng zeitung aus. :)

    An déi do Zeitung gesäit elo och net wierklech no vill Qualitéit aus, fir dass d’leit sech elo beemol géingen op Zeitungen stierzen…

  2. 2 Fireball September 20, 2007 at 8:11 pm

    Alt erem méi Pabéier verbetzt, mat dem en sech vill besser hätt kéinten den Arsch ofbotzen.

  3. 3 Max September 21, 2007 at 6:10 pm

    Schlecht Informatioun gett schnell zu Désinformatioun. Dowéinst ass et wichteg an sérieux Medien z’investéieren.

    Wann een natierlech scho Probleemer huet fir d’Artikelen zwescht den Annoncen ze fannen dann léist dat op en Mëssstand bei der Onofhängegkeet vun der Redaktioun schléissen.

    Main Aktualitéits-Prof. war der Meenung dass den Métro höchstens den Apéritif wier. An et geet jo keen nom Apéritif scho fort oder? De Metro ass einfach nemmen Fastfood.

    Fier metaphoresch ze bleiwen, vu Fastfodd stierwt een net direkt mee d’Liewenserwardung geet awer béis an de Keller.

  4. 4 Dennis February 27, 2008 at 7:58 pm

    Jo, dass schon laang hier dass den Essentiel hei zu Lëtzebuerg eraus komm ass, an et muss een soen dass Editpress nom Flop vum Quotidien endlech mol ërem ebbes huet wat hiert Geschäft undreiwt.
    Ech verstinn och net, fierwat dei 2 Zeitungen hei als “als Zeitung getarnteten Reklamebliedche” ofgestemplet gëtt.
    Wann een ëbessen nodenkt, gëtt engem kloer, dass enger Reklamenzeitung hier Artikeln niemols onofhängeg Artikeln an hier Zeitung mëcht.
    Den Essentiel(main Favorit) oder och den Point 24 hun, dat kann ej net bestreiden, relativ vill Reklamen, mee hir Artikeln sinn onoffhängeg.

  5. 5 Checo February 27, 2008 at 9:02 pm

    @Dennis
    Tatsaechlech ass de lancement schon eng Zaitchen hir, sou dass vlait geschwenn de Moment ass e Bilan ze zeien iwwer d’Entwecklung an d’Etableirung vun den 2 Gratiszeitungen. Zuelen vun Editpress oder ISP hun ech nach keng gelies, dofir wees ech net wéi wait des produiten d’Geschäft undreiwen. Mais soulaangs de haaptsaechlech fir deng eegen aaner Medieprodukter Reklamm mess gett et awer schwéier mat engem gratuit schwaarz Zuelen ze schreiwen.
    Reklammebliedchen war vlait eng Iwwerspetzt Formulatioun, et ass natirlech nach eppes aanescht wéi vox-world oder Cora-Info. An dass d’Artikelen onoofhängeg sin well ech guer net bestreiden, déi 2 Gratisser si secher net méi oofhängeg vun den Annonceuren wéi aaner letzebuerger Zeitungen. Mais sou laang een och just pressecommuniquéen vu Staat, Gemengen a Kulturinstituter zerschnepselt a publizéiert, an sech fir Eegenleeschtungen op Panorama a chiens écrasés limitéiert, kann och keen engem Oofhängegkeet ennerstellen.

  6. 6 Checo February 29, 2008 at 4:39 pm

    Wann ee vum Daiwel schwaetzt, Editpress huet dann och mol prompt déi éischt Zuelen iwwer hir Lieser publizéiert (cf Paperjam)
    “L’essentiel est devenu après 3 mois le quotidien luxembourgeois le plus lu par les personnes résidant au Luxembourg et âgées de 15 à 34 ans. Avec un taux de pénétration de 37,1 % déjà, L’essentiel occupe la première place devant le d’Wort 31,7 % et loin devant Point 24 crédité de 15,3% par l’étude.”

    Droleg un deem Communiqué ass dass daat ganzt op eng privat TNS Ilres Etude baséiert daer hir Conditiounen dubios erschéngen (cf Léon Zeches am Paperjam)
    “Une grande confusion dans la publication de telles performances, car ces chiffres de lectorat sont d’une part imprécis: on ne sait pas s’il s’agit de lectorat global ou maximum du support en question, ou s’il s’agit du niveau d’audience par numéro moyen des quotidiens gratuits. (…) on ne sait pas comment elle a été réalisée, quels médias ont été scrutés. Est-ce que l’étude répond à un effort de promotion spécifique au profit de L’essentiel sur la période d’enquête du 15 au 28 janvier? Evidemment, dans ces conditions, les performances peuvent se révéler tout à fait favorables au média concerné.”

    Da muss ee wuel op d’Plurimedia étude am Juli waarden, oder sou laang weiderhin subjektiv dat commentéiren waat ee selwer sou bemierkt


  1. 1 L`Essentiel du Luxembourg en 20 minutes « assisted thinking Trackback on September 20, 2007 at 6:01 pm
  2. 2 L’essentiel: 24 points. La presse gratuite au Luxembourg est lancée « assisted thinking Trackback on October 10, 2007 at 12:00 pm
  3. 3 blo:Geescht » All We Need Trackback on October 31, 2007 at 2:17 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: