L`Essentiel du Luxembourg en 20 minutes

Geschter gouf et an der Basler Zeitung annoncéiert, och zu Letzebuerg gi mer net verschount vun de bite-size noorichteblieder déi wéi Champignonen op enger naasser Wiss iwwerall an Europa entstin:

Die Schweizer Tamedia («Tages-Anzeiger», «20 Minuten», Radio 24, Tele Züri usw.) und der luxemburgische Verlag Editpress («Tageblatt», Radio Eldoradio usw.) haben am Montag bekannt gegeben, dass sie «vor Ende 2007 gemeinsam eine neue Tageszeitung in Luxemburg» lancieren wollen. Das neue Gratisblatt soll den Titel «L`Essentiel» tragen und sich an eine junge, urbane und kaufkräftige Leserschaft wenden.

Urban a kaufkräftig sin d’Leit jo zu Letzebuerg, mais wéie Jonken liesst dann iwwerhaapt nach eng Zeitung? An ass deem Interessemangel wierklech gehollef wann se lo amplaaz vun der (duerchschnettlecher) etabléierter Dagespress lo just nach mat 5-Zeiler iwwer actualitéit informéiert gin, ouni analyse a commentaire, mais dofir em sou méi flott grouss Biller, chiens écrasés aus dem Showbiz a Panorama tralala ukucken.

Mais mat de Medien zu Letzebuerg ware mer jo nach nie verwinnt. Bei den etabléierten Dageszeitungen ass jo och scho sait Joeren den Trend zu kuerzen Agencemeldungen mat grousser Foto ze erkennen. A wat neies entsteet (Bild Luxembourg) ass net geegent den Niveau ze hiewen. Den M.B. huet bei young brights firun e puer Méint des Situatioun ganz gutt commentéiert, an de status quo ass wuel na emmer deen nämlechten.

Mee wéi gesoot, wee liesst dann eigentlech nach Zeitung? Fir déi jonk urban Newsjunkien gett et wuel emmer méi zum Standard, seng deeglech Portioun Actualitéit mat Hellef vun RSS an engem news aggregator duerchzeliesen (nach ass den netvibes fir mech di ideal Léisung). A grad do feelt engem dann d’Informatioun iwwer de Grand-Duché. Well ausser d’Regierung (hei) an d’wort (hei) hun ech na keng brauchbar feeds fir national aktualitéit fonnt, ausser natiirlech eng ganz retsch vun letzebuerger Blogs, och wann déi just seelen politesch Aktualitéit opgraifen. Young brights huet ganz villverspriechend ausgesin, mais ass sait ze laanger Zait scho rem doud. Indymedia an Sokrates ass da vlaicht awer ze wait vun de mainstream Nooriichten, a bei Tout Luxembourg gin leider na kaum eegen sennvoll Inhalter produzéiert, och wann de Projet intressant schéngt.

Wann een en Tipp huet fir Wort, Tageblatt, Land, Paperjam, etc (the more the merrier) als RSS ze abonéiren, gaeren hei bescheed soen, et giff mer vill Zait spueren. Am Ausland mierken d’Zeitungsmaacher jo och dass e kompletten Internet Optrett wertvoll ass, a stellen hire Content emmer méi oft do gratis zur Verfügung. An den “L’essentiel” schengt der Pressemeldung no jo och e Weboptrett ze kréien, da kréien mer dann och do eis bitesized news from luxembourg.

EDIT: Eng PK vum 20/09 erlaabt en update zur Evolutioun vum “L’essentiel”, deen den 10.10. lancéiert gouf.

8 Responses to “L`Essentiel du Luxembourg en 20 minutes”


  1. 1 thorben July 24, 2007 at 5:28 pm

    ech muss zwar soen dat ech allkeiers an der schwaiz gären am tram d’20 Minuten liesen

  2. 2 Checo July 24, 2007 at 5:55 pm

    De “20 minutes” a Frankraich hun ech do och emmer gelies. Trotzdem ass et keng gehaltvoll Publikatioun, well ausser der Nooriicht un sech naischt dran ass. An déi kruut een dach schon den Daach firdrun am Radio, op der Tele, an am Internet. Och http://www.20min.ch/ bitt jo kaum eegen Inhalter, mais fonktioneiert méi wéi en aggregator. Dass et zu Letzebuerg net sou ka goen well eis national news kaum vun agencen distribueiert gin, gett also d’Chance dass eng (Tageblatt?)-Redaktioun sech waert mussen dohannert setzen.

    Freet sech ob dann am Tageblatt méi commentaire an analyse waert ze fanne sin

  3. 3 Charles Betz July 24, 2007 at 6:00 pm

    Jësses also ech ka mer awer net wirklech fierstellen wéi ee kann eng sënnlos Usammlung vun onintressanten Schlachzeilen wéi 20min kann gären liesen (ofgesin vum Telesprogramm, dem Wieder an de Rätselen mat deenen eng Rëtsch Studenten sech déi éischt Stonn Cours’en erëmschloën). Mee et gët sou muenches wat ech net verstin…

  4. 4 Max July 24, 2007 at 6:54 pm

    Wéisou keng Zeitung kaafen??? Ze onpraktesch? Op alle fall liesen ech als jonken Newsjunkie nach emmer Dageszeitung, am Moment op der Aarbecht well mer se do all Daag kréien mee och wann ech mol bis op Bréissel ginn fier ze wëssen wat do leeft.
    Mee bon ech maachen och nach analog Fotoen.

    Ech hätt awer wéinstens gären een ordentlecht Argument fierwat een sech keng Zeitung méi sollt kaafen!

  5. 5 Checo July 24, 2007 at 11:58 pm

    Ech liesen Zeitung net fir d’nooricht mais fir ze gesin wéi d’nooricht verschafft gouf a waat Reaktiounen dorop waeren. E gréisseren Kontext an Zesummenhang ze verstoen. Eventuell e perséinleche commentaire.

    Fir d’Nooriicht selwer ass Zeitung einfach zevill e luesen Medium. Wee wellt da muer na vum Hackerugreff op d’Spuerkees oder vum Winokurow sengem Doping an der Zeitung liesen, wann en et haut schon am Radio héiren huet, an der Tele gesin huet, an um Internet Diskussiounen verfollegt huet.

    Fir Leit déi di Zait an deen Intressi net hun, an der Rei. Fir déi geet den 3 Zeilen résumé muer am 20 minutes och duer. Ech froen mech da just na fir ween Tageblatt ass, wou d’Redakteren bei Editpress d’Nooricht da vlait méi détailléiert a mat méi Fotoen brengen, awer och keng added value bidden.

    Zeitung zu Letzebuerg gett an eischter Linn kaaft fir de Sport, an an zweeter fir immobilien- an doudesannoncen. D’Nooricht um gedreckte Pabeier ass net méi attraktiv.

  6. 6 jpt August 10, 2007 at 3:40 pm

    D’Nooricht um gedreckte Pabeier ass nach laang net doud…och wann vill jonk Leit mengen, emmer iwwer alles um Courant ze sinn well se sech hir Nouvellen am Internet zesummenkroopen.
    Zeitungen sinn do fir d’Nouvellen ze verdeiwen an ze kommentéeieren …
    an do stinn eis Tageszeitungen guer net esou schlecht do- zemol well sie hir Informatiounen och hannerfroen an crosschecken.
    jpt


  1. 1 L’essentiel, un journal de qualité gratuite pour le Luxembourg « assisted thinking Trackback on September 20, 2007 at 5:48 pm
  2. 2 L’essentiel: 24 points. La presse gratuite au Luxembourg est lancée « assisted thinking Trackback on October 10, 2007 at 11:59 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: