Archive for July, 2007

Belval – Cité de la tune

D’Pläng fir Maison du savoir sin oofgeschloss, da gett et héich Zait dass zu Belval net just Wessen mais och Goss generéiert ka ginn. Haut meld d’Tageblatt (source: RTL):

Esch-Belval: Nieft der Dexia weider Bank op d’Frichen

Der Escher Buergermeeschtesch Lydia Mutsch no kënnt no der Dexia eng zweet Bank op Esch-Belval: Dat ass haut am Tageblatt ze liesen.

Wat fir e Finanzhaus nach op d’Frichen zitt, sot d’LSAP-Deputéiert awer net. D’Stad an de Kierchbierg hätten net de Monopol, wat d’Usidele vu Banken ugeet, huet d’Lydia Mutsch weider gemengt.

Et voilà, 2 Banken um “Escher Dreckstipp” wéi d’Leit soen, an d’Faculté de Droit, d’Economie et de Finance bleiwt um Lampertsbierg, wann et eise Staadter Politiker no geet. Wann daat mol keng anstänneg Zesummenaarbecht tescht Fuerschung an Wirtschaft erlaabt.

microscope.jpg

D’Fuerschung alleng an der Finanzwüst. Photo copyright by belin

Dass déi ganz Frichen fir d'”Cité des sciences, de la recherche et de l’innovation” waerte genotzt gin war jo nie ze erwaarden. Par contre wann et sou firu geet waerten déi puer zukünfteg Fuerschungs-Etablissementer (uni.lu, centres de recherche, incubateurs d’entreprise,  etc) um Campus Belval awer zimlech traureg alleng fir sech stoen, am Schiet vun deene Finanzgiganten.

E Sefferlidd als Letzebuerger Nationalhymn?

Vu dass daat mam Ersetzen vum Fändel jo bis ewell nach net geklappt huet, ass et vlaicht un der Zait un en aanert nationalt Hellegtum reselen ze goen: Ons Heemecht.

den Himmel Wain ons mecht

den Himmel Wäin ons mecht. Photo copyright by boymk

Zwar kruut d’Lidd (Music: Jean-Antoine Zinnen; Lyrics: Michel Lentz) réischt 1993 de legale Statut, an trotzdem ass et wuel waitaus méi mat dem Land an de Biirger verwuerzelt wéi drai faarweg horizontal Straifen et je kenne sin.

Abee, ech hu mer soen geloos et gouf eng letzebuerger Hymn firun Lentz an Zinnen: Op der franséischer Wikipedia schreiwt de Marc Liger :

Un premier hymne luxembourgeois, précédent l’actuel Ons Heemecht était chanté sur la musique de «To Anacreon in Heaven», du compositeur anglais John Stafford Smith. Cette musique est celle de l’actuel hymne national des États-Unis d’Amérique : «The Star-Spangled Banner»

Wéini dass daat war (before 1864?), waat fir en Text d’Letzebuerger dozou gesongen hun (The myrtle of Venus and Bacchus’s vine?), an ob et dann och inhaltlech Verbindungen zum Anacreon bestin (e griechesche Poet dee gaer vu Wäin a Fraleit geschriwwen huet), ass mir leider nach net bekannt.

dix mesures d’eau pour cinq de vin, voilà le bon mélange

Hei kann een sech d’Lidd en tout cas bei youtube ukucken, a vlaicht gesi mer jo do och geschwenn déi éischt Mash-ups mat neien letzebuergeschen Texter, an der passender Petitioun fir eng nei old-school Letzebuerger Hymn. Aaner Länner hu jo och niewt den offiziellen nach inoffiziell Hymnen (Rule Britannia am UK, God Bless America an de States, de Radetzkymarsch bei den Eistraicher, oder neierdengs d’Marseillaise an der Belsch), do musse mer eis zu Letzebuerg jo net emmer just op d’Hesperkutsch referéiren.

A wéi eng Diskussioun waer elo méi passend fir d’Summerlach?

L`Essentiel du Luxembourg en 20 minutes

Geschter gouf et an der Basler Zeitung annoncéiert, och zu Letzebuerg gi mer net verschount vun de bite-size noorichteblieder déi wéi Champignonen op enger naasser Wiss iwwerall an Europa entstin:

Die Schweizer Tamedia («Tages-Anzeiger», «20 Minuten», Radio 24, Tele Züri usw.) und der luxemburgische Verlag Editpress («Tageblatt», Radio Eldoradio usw.) haben am Montag bekannt gegeben, dass sie «vor Ende 2007 gemeinsam eine neue Tageszeitung in Luxemburg» lancieren wollen. Das neue Gratisblatt soll den Titel «L`Essentiel» tragen und sich an eine junge, urbane und kaufkräftige Leserschaft wenden.

Urban a kaufkräftig sin d’Leit jo zu Letzebuerg, mais wéie Jonken liesst dann iwwerhaapt nach eng Zeitung? An ass deem Interessemangel wierklech gehollef wann se lo amplaaz vun der (duerchschnettlecher) etabléierter Dagespress lo just nach mat 5-Zeiler iwwer actualitéit informéiert gin, ouni analyse a commentaire, mais dofir em sou méi flott grouss Biller, chiens écrasés aus dem Showbiz a Panorama tralala ukucken.

Mais mat de Medien zu Letzebuerg ware mer jo nach nie verwinnt. Bei den etabléierten Dageszeitungen ass jo och scho sait Joeren den Trend zu kuerzen Agencemeldungen mat grousser Foto ze erkennen. A wat neies entsteet (Bild Luxembourg) ass net geegent den Niveau ze hiewen. Den M.B. huet bei young brights firun e puer Méint des Situatioun ganz gutt commentéiert, an de status quo ass wuel na emmer deen nämlechten.

Mee wéi gesoot, wee liesst dann eigentlech nach Zeitung? Fir déi jonk urban Newsjunkien gett et wuel emmer méi zum Standard, seng deeglech Portioun Actualitéit mat Hellef vun RSS an engem news aggregator duerchzeliesen (nach ass den netvibes fir mech di ideal Léisung). A grad do feelt engem dann d’Informatioun iwwer de Grand-Duché. Well ausser d’Regierung (hei) an d’wort (hei) hun ech na keng brauchbar feeds fir national aktualitéit fonnt, ausser natiirlech eng ganz retsch vun letzebuerger Blogs, och wann déi just seelen politesch Aktualitéit opgraifen. Young brights huet ganz villverspriechend ausgesin, mais ass sait ze laanger Zait scho rem doud. Indymedia an Sokrates ass da vlaicht awer ze wait vun de mainstream Nooriichten, a bei Tout Luxembourg gin leider na kaum eegen sennvoll Inhalter produzéiert, och wann de Projet intressant schéngt.

Wann een en Tipp huet fir Wort, Tageblatt, Land, Paperjam, etc (the more the merrier) als RSS ze abonéiren, gaeren hei bescheed soen, et giff mer vill Zait spueren. Am Ausland mierken d’Zeitungsmaacher jo och dass e kompletten Internet Optrett wertvoll ass, a stellen hire Content emmer méi oft do gratis zur Verfügung. An den “L’essentiel” schengt der Pressemeldung no jo och e Weboptrett ze kréien, da kréien mer dann och do eis bitesized news from luxembourg.

EDIT: Eng PK vum 20/09 erlaabt en update zur Evolutioun vum “L’essentiel”, deen den 10.10. lancéiert gouf.

Hotcity – Letzebuerg ee groussen Hotspot

Laang ugekennegt ass et lo sait geschter sou wait. E gratis wireless Netzwierk an der VdL. Net manner wéi 58 Hotzpotz an der Stad sollen et erlaaben d’ganz Stad ze couvréiren, an sou mobilen Internet acces flächendeckend assuréiren. Zur Zait sin em Wort no 31 Antennen aktiv, a couvréiert gett:

l’avenue Marie-Thérèse , le boulevard Grande-Duchesse Charlotte, l’ensemble du parc municipal, le boulevard Joseph II, le boulevard de la Foire, le Glacis, le rond-point Schuman, le boulevard Royal, tout le centre-ville, la zone piétonne, le plateau du Rham et une partie de la côte d’Eich.

Klengt gutt, gett direkt mol getest. Am moment setzen ech am inter, do klappt et impec. Eng kéier op hotcity.lu umellen (username a passwuert eraussichen), a lass geet et. Un enger 12 Mbit/s Connectioun ka wuel keen meckeren. De site ass och propper an iwwersiichtlech gestalt, och wann en zur Zait nach wéineg Content bidd. A wann déi ugekennegt Zousatzleeschtungen bis fonktionnéiren, wéi “l’extension de l’offre pour la recherche localisée de magasins ou de restaurants, un guide électronique, un service d’urgence pour les personnes âgées et visant à l’amélioration de la sécurité publique”, da bitt daat ganzt vlait och e Grond fir eis Stad als modern ze bezeechnen. Firausgesaat déi Zousaazofferen gin iwwert dei vun eiser City Managerin Geraldine Knudson am paperjam ugekenngten proximity marketing strategy eraus. Well Banneren fir aktuell Reklammen am Alima an e McDonals 1x1si secher daat laescht waat op dem hotcity website feelt. Mais wann de contenu da net just vun der Gemeng selwer a vun de Commercanten zur Verfügung gestalt gett, mais a beschter web 2.0 manéier plattformen geschaaf gin fir user generated content anzebauen (ech denken u resto, cafe & commerce bewertungen vun de user), kéint et iergendwann ganz intressant gin.

Waat ze bedaueren ass si just statements wéi “Tous les services offerts resteront gratuits jusqu’à la fin de 2007.” De Michel Thiel schreiwt zwar am Wort:

Nach Abschluss der Testphase, ab Juli 2008 also, wird der freie Zugang zum Internet dann gebührenpflichtig. Tarifstrukturen sollen dann erst angekündigt werden. Die meisten Inhalte des Hotcity-Portals sollen weiterhin kostenlos angeboten werden.

mais, wann den acces sollt op eemol kaschten, a wann d’Inhalter net méi sin wéi se vun enger privater, reklammfinanzeierter Informatiounsplattform keinten ugebueden gin, dann waer daat wuel e séieren Doud fir deen Projet.

Aanerersait liest een emmer rem, dass sou Projeten finanziell net aanescht ze droen sin, well net genuch Leit et notzen. Och wann déi 3,2 Mio, déi de Projet am ganzen waert kaschten, wait ennert de 50Mio leien déi se zu Singapur fir e flächendeckende WLAN ausgin, alleng mat privaten Notzer ass et op Dauer net genuch ausgelaascht fir sou en Investissement als reneg Gratis service um Bierger unzebidden. Zu Blanquefort waren se méi schlau, an hun sech dat ganzt extern finanzéiren geloos. An dee FON Projet fonktioneiert och a Grousstied wéi Wien deelweis scho ganz gutt.

Bleiwt nach d’Fro, waat mat de kommerziellen Offeren geschitt, déi schon op diversen Plaazen wireless internet ubidden. Wann déi hir oft irrealistesch Praisstruktur iwwerdenken, an daat och op hir servicer ausserhalb vun der Stad ausdehnen, ass et vlaicht geschwenn a Ballungsgebitter net méi néideg eng eegen Telefonslinn am Haus ze hun. D’Suerg, dass deen anonymen service fir illegal aktivitéiten giff genotzt gin, zerschleit de Pit David vum teschneschen Dengscht vun der Stad Letzebuerg, well d’acces points permanent doropshin iwwerwaacht gin an noutfalls kéinte blokéiert gin.

Anyway, e gudde Start. A spéitsdens wann dann wéi zu Zurech oder an England och d’Busser mat WIFI Hotspots equipeiert gin, haette mer mobilen Internet Acces och wierklech flächendeckend.