E Sefferlidd als Letzebuerger Nationalhymn?

Vu dass daat mam Ersetzen vum Fändel jo bis ewell nach net geklappt huet, ass et vlaicht un der Zait un en aanert nationalt Hellegtum reselen ze goen: Ons Heemecht.

den Himmel Wain ons mecht

den Himmel Wäin ons mecht. Photo copyright by boymk

Zwar kruut d’Lidd (Music: Jean-Antoine Zinnen; Lyrics: Michel Lentz) réischt 1993 de legale Statut, an trotzdem ass et wuel waitaus méi mat dem Land an de Biirger verwuerzelt wéi drai faarweg horizontal Straifen et je kenne sin.

Abee, ech hu mer soen geloos et gouf eng letzebuerger Hymn firun Lentz an Zinnen: Op der franséischer Wikipedia schreiwt de Marc Liger :

Un premier hymne luxembourgeois, précédent l’actuel Ons Heemecht était chanté sur la musique de «To Anacreon in Heaven», du compositeur anglais John Stafford Smith. Cette musique est celle de l’actuel hymne national des États-Unis d’Amérique : «The Star-Spangled Banner»

Wéini dass daat war (before 1864?), waat fir en Text d’Letzebuerger dozou gesongen hun (The myrtle of Venus and Bacchus’s vine?), an ob et dann och inhaltlech Verbindungen zum Anacreon bestin (e griechesche Poet dee gaer vu Wäin a Fraleit geschriwwen huet), ass mir leider nach net bekannt.

dix mesures d’eau pour cinq de vin, voilà le bon mélange

Hei kann een sech d’Lidd en tout cas bei youtube ukucken, a vlaicht gesi mer jo do och geschwenn déi éischt Mash-ups mat neien letzebuergeschen Texter, an der passender Petitioun fir eng nei old-school Letzebuerger Hymn. Aaner Länner hu jo och niewt den offiziellen nach inoffiziell Hymnen (Rule Britannia am UK, God Bless America an de States, de Radetzkymarsch bei den Eistraicher, oder neierdengs d’Marseillaise an der Belsch), do musse mer eis zu Letzebuerg jo net emmer just op d’Hesperkutsch referéiren.

A wéi eng Diskussioun waer elo méi passend fir d’Summerlach?

5 Responses to “E Sefferlidd als Letzebuerger Nationalhymn?”


  1. 1 Thierry July 30, 2007 at 3:25 pm

    Ech gesin schon dee bescheurten Tom Graas am Impuls erem seng kompetent Kommentarer zu deem Thema ofsonneren…

  2. 2 Checo July 30, 2007 at 4:12 pm

    Glecklech d’Letzebuerger déi soss keng Problemer hun.

  3. 3 Thierry July 30, 2007 at 6:59 pm

    Wann d’Diskussioun em de Quartier de rétention Bonnevoie ausgelutscht ass hu mer wéinstens direkt dat nächst Thema iwwer dat mer eis kennen streiden. ;)

  4. 4 strawdog October 20, 2007 at 3:51 pm

    D’Heemescht ass eng vun deenen langweilegsten an lahmarschegsten Nationalhymnen déi et ginn … zzzzzzzz

  5. 5 Crankbrother December 27, 2007 at 2:40 pm

    Also ons Hymne dei ass jo och net zu denger ennerhaalung do, schon mo eng keier doriwwer nogeduet? mee bon, stemmt leider nemmi richteg den text, ähnlech wei den schreftzuch ”Mir wölle bleiwen wat mir sinn” ass eischter, Mir wollten bleiwen wat mir woren….traureg, mee wouer…


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: