Letzebuerg ass einfach besser

Google wees jo anscheinend alles, dofir hei eng kleng méisproocheg Faktesammlung zu eisem Ländchen (links added by me) :

Letzebuerg ass :

… net d’Ukrain, Algerien oder Südafrika
… mat Recht houfreg op säin Trilinguismus
… subdivisé en deux régions (nord et sud)
… centrally located in the automotive heart of Europe
… Europäesch Kulturhaaptstad
… secher keent rasistescht Land
… toujours indemne de la peste aviaire
… kee Land, wou Waassermangel herrscht.
… à la pointe de la lutte contre la criminalité
… duerch ee méi staarkt Europa ëmmer och méi staark ginn
… une terre de contact des civilisations française et allemande
… dat Land, wat am schnellste seng Finanzen an d’Rei wäert kréien
… ee Provenznascht
… un bon exemple dans le processus de Bologne
… nicht Hollywood
… a very small country with a very volatile economy
… vu SENGE nuddelegen Unhängsel beréiert!

oder ass Letzebuerg awer nach méi ?

3 Responses to “Letzebuerg ass einfach besser”


  1. 1 Thierry August 20, 2007 at 3:02 pm

    Jo, mir si nach vill méi. :)

    Lëtzebuerg ass och ee Land wou an der Haaptstaat um 18 Auer d’Luuchten ausgemaach gin. Lëtzebuerg ass ee Land wou et demnächst wahrscheinlech eventuell trotzdeem dann awer nach iergendwéi villäicht schlußendlech een Tram wert gin. Lëtzebuerg ass ee Land voller Spießbürger. Lëtzebuerg ass ee Land mat engem Staatsminister deen alkoholiséiert op der Telé opdaucht, wat ennert den Teppech gekiert gett. Lëtzebuerg ass ee Land wat iwwer de Sarkozy laacht well deen als Premierminister alkoholiséiert op d’Telé geet. Lëtzebuerg ass ee Land wat sech momentan onheemlech kulturell gett, mee wou een laang muss sichen bis een all déi Kultur tatsächlech fënnt. Lëtzebuerg ass ee Land wat sou megalomanesch ass, dass et seng Feeler net erkennt. Lëtzebuerg ass ee Land wat sech iwwer de Bush opreegt, sech vu sengem Staatsminister awer selwer manipuléiren léisst. Lëtzebuerg ass ee Land wou et bal keng geléiert Journalisten gin. asw…

  2. 2 Checo August 20, 2007 at 3:12 pm

    Et wellt jo keen sain eegent Nascht beschmotzen, dofir ass alt wéineg schlechtes um Internet ze fannen. Daat waat engem selwer net geet kann ee jo probéiren ze änneren. Letzebuerg ass schlieslech trotz eiser nationaler Devise nach flexibel an net a Stee gemeesselt.

  3. 3 Charles Betz August 20, 2007 at 4:09 pm

    Höhö dann ass jo alles gesot… Ausser datt d’Welt eis de Kachkéiss an de Fausti ze verdanken huet.


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: