Belval – Cité de la tune

D’Pläng fir Maison du savoir sin oofgeschloss, da gett et héich Zait dass zu Belval net just Wessen mais och Goss generéiert ka ginn. Haut meld d’Tageblatt (source: RTL):

Esch-Belval: Nieft der Dexia weider Bank op d’Frichen

Der Escher Buergermeeschtesch Lydia Mutsch no kënnt no der Dexia eng zweet Bank op Esch-Belval: Dat ass haut am Tageblatt ze liesen.

Wat fir e Finanzhaus nach op d’Frichen zitt, sot d’LSAP-Deputéiert awer net. D’Stad an de Kierchbierg hätten net de Monopol, wat d’Usidele vu Banken ugeet, huet d’Lydia Mutsch weider gemengt.

Et voilà, 2 Banken um “Escher Dreckstipp” wéi d’Leit soen, an d’Faculté de Droit, d’Economie et de Finance bleiwt um Lampertsbierg, wann et eise Staadter Politiker no geet. Wann daat mol keng anstänneg Zesummenaarbecht tescht Fuerschung an Wirtschaft erlaabt.

microscope.jpg

D’Fuerschung alleng an der Finanzwüst. Photo copyright by belin

Dass déi ganz Frichen fir d'”Cité des sciences, de la recherche et de l’innovation” waerte genotzt gin war jo nie ze erwaarden. Par contre wann et sou firu geet waerten déi puer zukünfteg Fuerschungs-Etablissementer (uni.lu, centres de recherche, incubateurs d’entreprise,  etc) um Campus Belval awer zimlech traureg alleng fir sech stoen, am Schiet vun deene Finanzgiganten.

3 Responses to “Belval – Cité de la tune”


  1. 1 Max July 30, 2007 at 11:08 pm

    Ech well dat Ganzt am Endstadium gesinn fier mer e richtegt Bild driwwer ze maachen. Réicht virun zwee Deeg hun ech erausfonnt dass et bei eis en Service geet deen sech em d’Studenteliewen këmert (wuertwiertlech). Insofern ass et mer nach e Rätsel wéi d’Uni soll zu Esch net traureg ausgesinn. Lo net am estheteschen Sënn.

  2. 2 Max July 30, 2007 at 11:11 pm

    An ech wëll nach umierken dass ech mech vill muss ustrengen fier net zu de Skeptiker ze gehéieren.


  1. 1 Maison du savoir zu Belval - Projeten fir d’Haerz vun der Cité des Sciences « assisted thinking Trackback on July 31, 2007 at 2:49 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s





%d bloggers like this: