Firun e puer Wochen hun ech fir d’éischt vun der NEE Partei an der Belsch héiren. Dest ass en onoofhengegen Mouvement vun Antwerpen déi bei de Wahlen bei eise Noperen den nächste Sonndeg 10. Juni waert untrieden.
D’Partei ass geduecht fir déi Leit, déi fannen dass keng vun den aanere Parteien hir Stemm verdéngt huet. Ugeleent ass de Parteinumm un de Claim Jo! vun der sp.a (sozialisten) / spirit (lenksliberal) déi an de laeschten Wahlen 2003 bal 15% vun de Stemmen an domat 23 Setzer an der Chamber kruuten. Fir den offizielle site ze zitéiren:
NEE works around political awareness and offers voters in Belgium the option to vote ‘no’ if they find that none of the parties deserve their vote. ‘No’-votes would simply create empty seats in parliament, resulting in a loss of income and power for the other parties, and giving the voters the power to sanction politicians if needed.
This is a concept that has never before been implemented in any political system worldwide. We hope to introduce the idea on an international scale because it makes for a higher level of democracy in which politicians are forced to live up to their promises as people are actually able to fire them if they wish. This would also result in a clearer view on the popularity of extremist parties, because people often vote for extremes out of dissatisfaction but don’t necessarily agree with those parties.
Alles schéin a gutt, sou Mouvementer gouf et jo schon op méi Plaazen, mais d’Nee Partei huet alt besonnesch Methoden medial Opmierksamkeet ze kréien:
Ech well Dech warnen, dass Politik méi ass wéi eng Nuebelschau.
Enner Nabelschau (gr: omphaloskepsis) versteet een allgemeng en ze staark Fokusseirung op sech selwer, oft och eng sennlos Intrspektioun déi een besser haett ze ennerloossen an sech sengem Emfeld zouzewenden.
D’Senatskandidatin vun NEE, d’Tania Derveaux, versprecht op sengem Internet site, nodeem d’Offer fir400.000 nei Aarbechtsplaazen ze schaafen net serieux geholl gin ass, ewell 40.000 Blowjobs.
Alt rem en eidelt Wahlverspriechen hun ech mer geduecht. Mais nee, nodeem ech mech do ugemellt haat a brav den blowjob request form ausgefellt hun, huet d’Tania mer haut geschriwwen, dass hatt zwar selwer net kann, mais dass seng Assistentin deen Job iwwerhellt. Mat engem link op deen heite Site, wou em d’Lin Chong, Assistentin vum TaniaDerveaux dat Wahlverspriechen anhaellt.
Daat léisst dach hoffen dass eis Belsch Noperen méi aware gin fir déi national Politik, an se sech och vun hire Volleksvertrieder hir Verspriechen aléisen loossen.
EDIT: No de Wahlen bleiwt alles beim alen: NEE kruut 0,3% vun de Stemmen bei der Wahl. Net deck, mais d’campagne huet awer secherlech gehollef conscience fir de politeschen Eenheetsbrai ze promoveiren.
An och em Tania sain naechsten Projet waert secherlech medial Opmierksamkeet kréien. E casting fir an engem Film (Intellectual Porn – a movie about love, friendship and other deep shit) dem Tani sain Sexpartner ze sin. Dei eischt video applications sin ukomm, an deelweis grotesk witzeg.