Posts Tagged 'presse gratuite'

L’essentiel: 24 points. La presse gratuite au Luxembourg est lancée

Een Daach éier et lassgeet schreiwt d’Tageblatt alt rem iwwert deen neien essentiellen Presseproduit, deen all Daach 60.000-fach waert Busser an Busstatiounen zu Letzebuerg vollspammen:

Derzeit werden sogenannte Null-Nummern produziert, um den ganzen internen Redaktions- und Produktionsablauf durchzuspielen. Diese Nummern entsprechen im Wesentlichen dem, was die Leser auch ab dem 10. Oktober (…) erwartet

Souvill Éierlechkeet haett ech net do erwaart.

Haut ass et da lassgaangen mat der Distributioun, an et koum daat waat een erwaart huet. Inhaltlech oberflächlech Noorichtebléck déi sollen déi noutwennegst Informatiounen zur Verfügung stellen.

Um Internet Optrett, deen propper gemaach ass an schon eng ganz retsch Flächen fraihällt fir dass déi kleng Inhalter vu groussen Reklammen kennen encadréiert gin, gesait een gutt waat als Interessensgebitter vun der Zielclientèle considéréiert gett: A la une gett et brad pitt an rugby, keen test adn a keng nobelpraisser. Déi aaner Kategorien (monde, france, sport, people, tendance, gamezone, etc) gesin aus wéi di vu google news oder wikio automatesch syndicated sammlungen vun agences de presse meldungen, also naischt wat der Welt na gefeelt huet. Intressant fir Leit am Ausland ass wuel d’Kategorie Luxembourg, fir vlaicht e puer méi redactionel Baitreg zum Geschéien zu Letzebuerg mat ze kréien. Leider wéi bei dem gros vun eisen online Medien och alles ouni RSS, fir dass och emmer d’Reklammen kennen ageblend bleiwen.

D’läscht Joer huet de Cyril nach den i-mail, de groussen Reklammepaak fir welleg Konsumenten, a seng Lescht vun presse gratuite au Luxembourg gesaat. Abee haut hu mer dann en Konglomerat vun deem, grousse Fotoen a Pressemeldungen, daat sech Zeitung nennt. An op de letzebuerger blogs weisst sech och nach eng gewesse Skepsis. Alt gutt dass een nach selwer fir sech kann décidéiren waat da lo wierklech wiesentleches ass an der daagdeeglecher Informatiounsflut.

Bleiwt nach ze erwähnen dass ISP elo geschwenn och hiren journal de navetteurs rausgett. Point 24 huet en gros déi nämlecht Objektiver, also de Leit e Reklammbliedchen als Zeitung unzedréien. Den 18. Oktober gin d’Reklammspraisser an deem Medium présentéiert, 60.000 Exemplären sin heivun firgesin, d’Inhalter wärten sech kaum vun der Qualitéit vum l’essentiel oofsetzen, an den Notzen fir de Biirger bleiwt eis weiderhin schleierhaft.

De marché ass grouss, an Noorichten zesummesetzen duerch copy paste kann hautjesdaachs jo all Internet User. Wann den Drock ze finanzéiren ass an eis Banken a Supermarchéen weider wéi bänzeg Reklamm maachen, kann do eppes ganz grousses op eis duerkommen.

Ville de Luxembourg, stellt alt méi grouss Poubellen op.

EDIT 23/10: De Cyril proposéiert en neien Numm fir eng zukünfteg ähnlech Publikatioun: le superflu.