Archive Page 2

E Sefferlidd als Letzebuerger Nationalhymn?

Vu dass daat mam Ersetzen vum Fändel jo bis ewell nach net geklappt huet, ass et vlaicht un der Zait un en aanert nationalt Hellegtum reselen ze goen: Ons Heemecht.

den Himmel Wain ons mecht

den Himmel Wäin ons mecht. Photo copyright by boymk

Zwar kruut d’Lidd (Music: Jean-Antoine Zinnen; Lyrics: Michel Lentz) réischt 1993 de legale Statut, an trotzdem ass et wuel waitaus méi mat dem Land an de Biirger verwuerzelt wéi drai faarweg horizontal Straifen et je kenne sin.

Abee, ech hu mer soen geloos et gouf eng letzebuerger Hymn firun Lentz an Zinnen: Op der franséischer Wikipedia schreiwt de Marc Liger :

Un premier hymne luxembourgeois, précédent l’actuel Ons Heemecht était chanté sur la musique de «To Anacreon in Heaven», du compositeur anglais John Stafford Smith. Cette musique est celle de l’actuel hymne national des États-Unis d’Amérique : «The Star-Spangled Banner»

Wéini dass daat war (before 1864?), waat fir en Text d’Letzebuerger dozou gesongen hun (The myrtle of Venus and Bacchus’s vine?), an ob et dann och inhaltlech Verbindungen zum Anacreon bestin (e griechesche Poet dee gaer vu Wäin a Fraleit geschriwwen huet), ass mir leider nach net bekannt.

dix mesures d’eau pour cinq de vin, voilà le bon mélange

Hei kann een sech d’Lidd en tout cas bei youtube ukucken, a vlaicht gesi mer jo do och geschwenn déi éischt Mash-ups mat neien letzebuergeschen Texter, an der passender Petitioun fir eng nei old-school Letzebuerger Hymn. Aaner Länner hu jo och niewt den offiziellen nach inoffiziell Hymnen (Rule Britannia am UK, God Bless America an de States, de Radetzkymarsch bei den Eistraicher, oder neierdengs d’Marseillaise an der Belsch), do musse mer eis zu Letzebuerg jo net emmer just op d’Hesperkutsch referéiren.

A wéi eng Diskussioun waer elo méi passend fir d’Summerlach?

L`Essentiel du Luxembourg en 20 minutes

Geschter gouf et an der Basler Zeitung annoncéiert, och zu Letzebuerg gi mer net verschount vun de bite-size noorichteblieder déi wéi Champignonen op enger naasser Wiss iwwerall an Europa entstin:

Die Schweizer Tamedia («Tages-Anzeiger», «20 Minuten», Radio 24, Tele Züri usw.) und der luxemburgische Verlag Editpress («Tageblatt», Radio Eldoradio usw.) haben am Montag bekannt gegeben, dass sie «vor Ende 2007 gemeinsam eine neue Tageszeitung in Luxemburg» lancieren wollen. Das neue Gratisblatt soll den Titel «L`Essentiel» tragen und sich an eine junge, urbane und kaufkräftige Leserschaft wenden.

Urban a kaufkräftig sin d’Leit jo zu Letzebuerg, mais wéie Jonken liesst dann iwwerhaapt nach eng Zeitung? An ass deem Interessemangel wierklech gehollef wann se lo amplaaz vun der (duerchschnettlecher) etabléierter Dagespress lo just nach mat 5-Zeiler iwwer actualitéit informéiert gin, ouni analyse a commentaire, mais dofir em sou méi flott grouss Biller, chiens écrasés aus dem Showbiz a Panorama tralala ukucken.

Mais mat de Medien zu Letzebuerg ware mer jo nach nie verwinnt. Bei den etabléierten Dageszeitungen ass jo och scho sait Joeren den Trend zu kuerzen Agencemeldungen mat grousser Foto ze erkennen. A wat neies entsteet (Bild Luxembourg) ass net geegent den Niveau ze hiewen. Den M.B. huet bei young brights firun e puer Méint des Situatioun ganz gutt commentéiert, an de status quo ass wuel na emmer deen nämlechten.

Mee wéi gesoot, wee liesst dann eigentlech nach Zeitung? Fir déi jonk urban Newsjunkien gett et wuel emmer méi zum Standard, seng deeglech Portioun Actualitéit mat Hellef vun RSS an engem news aggregator duerchzeliesen (nach ass den netvibes fir mech di ideal Léisung). A grad do feelt engem dann d’Informatioun iwwer de Grand-Duché. Well ausser d’Regierung (hei) an d’wort (hei) hun ech na keng brauchbar feeds fir national aktualitéit fonnt, ausser natiirlech eng ganz retsch vun letzebuerger Blogs, och wann déi just seelen politesch Aktualitéit opgraifen. Young brights huet ganz villverspriechend ausgesin, mais ass sait ze laanger Zait scho rem doud. Indymedia an Sokrates ass da vlaicht awer ze wait vun de mainstream Nooriichten, a bei Tout Luxembourg gin leider na kaum eegen sennvoll Inhalter produzéiert, och wann de Projet intressant schéngt.

Wann een en Tipp huet fir Wort, Tageblatt, Land, Paperjam, etc (the more the merrier) als RSS ze abonéiren, gaeren hei bescheed soen, et giff mer vill Zait spueren. Am Ausland mierken d’Zeitungsmaacher jo och dass e kompletten Internet Optrett wertvoll ass, a stellen hire Content emmer méi oft do gratis zur Verfügung. An den “L’essentiel” schengt der Pressemeldung no jo och e Weboptrett ze kréien, da kréien mer dann och do eis bitesized news from luxembourg.

EDIT: Eng PK vum 20/09 erlaabt en update zur Evolutioun vum “L’essentiel”, deen den 10.10. lancéiert gouf.

Hotcity – Letzebuerg ee groussen Hotspot

Laang ugekennegt ass et lo sait geschter sou wait. E gratis wireless Netzwierk an der VdL. Net manner wéi 58 Hotzpotz an der Stad sollen et erlaaben d’ganz Stad ze couvréiren, an sou mobilen Internet acces flächendeckend assuréiren. Zur Zait sin em Wort no 31 Antennen aktiv, a couvréiert gett:

l’avenue Marie-Thérèse , le boulevard Grande-Duchesse Charlotte, l’ensemble du parc municipal, le boulevard Joseph II, le boulevard de la Foire, le Glacis, le rond-point Schuman, le boulevard Royal, tout le centre-ville, la zone piétonne, le plateau du Rham et une partie de la côte d’Eich.

Klengt gutt, gett direkt mol getest. Am moment setzen ech am inter, do klappt et impec. Eng kéier op hotcity.lu umellen (username a passwuert eraussichen), a lass geet et. Un enger 12 Mbit/s Connectioun ka wuel keen meckeren. De site ass och propper an iwwersiichtlech gestalt, och wann en zur Zait nach wéineg Content bidd. A wann déi ugekennegt Zousatzleeschtungen bis fonktionnéiren, wéi “l’extension de l’offre pour la recherche localisée de magasins ou de restaurants, un guide électronique, un service d’urgence pour les personnes âgées et visant à l’amélioration de la sécurité publique”, da bitt daat ganzt vlait och e Grond fir eis Stad als modern ze bezeechnen. Firausgesaat déi Zousaazofferen gin iwwert dei vun eiser City Managerin Geraldine Knudson am paperjam ugekenngten proximity marketing strategy eraus. Well Banneren fir aktuell Reklammen am Alima an e McDonals 1x1si secher daat laescht waat op dem hotcity website feelt. Mais wann de contenu da net just vun der Gemeng selwer a vun de Commercanten zur Verfügung gestalt gett, mais a beschter web 2.0 manéier plattformen geschaaf gin fir user generated content anzebauen (ech denken u resto, cafe & commerce bewertungen vun de user), kéint et iergendwann ganz intressant gin.

Waat ze bedaueren ass si just statements wéi “Tous les services offerts resteront gratuits jusqu’à la fin de 2007.” De Michel Thiel schreiwt zwar am Wort:

Nach Abschluss der Testphase, ab Juli 2008 also, wird der freie Zugang zum Internet dann gebührenpflichtig. Tarifstrukturen sollen dann erst angekündigt werden. Die meisten Inhalte des Hotcity-Portals sollen weiterhin kostenlos angeboten werden.

mais, wann den acces sollt op eemol kaschten, a wann d’Inhalter net méi sin wéi se vun enger privater, reklammfinanzeierter Informatiounsplattform keinten ugebueden gin, dann waer daat wuel e séieren Doud fir deen Projet.

Aanerersait liest een emmer rem, dass sou Projeten finanziell net aanescht ze droen sin, well net genuch Leit et notzen. Och wann déi 3,2 Mio, déi de Projet am ganzen waert kaschten, wait ennert de 50Mio leien déi se zu Singapur fir e flächendeckende WLAN ausgin, alleng mat privaten Notzer ass et op Dauer net genuch ausgelaascht fir sou en Investissement als reneg Gratis service um Bierger unzebidden. Zu Blanquefort waren se méi schlau, an hun sech dat ganzt extern finanzéiren geloos. An dee FON Projet fonktioneiert och a Grousstied wéi Wien deelweis scho ganz gutt.

Bleiwt nach d’Fro, waat mat de kommerziellen Offeren geschitt, déi schon op diversen Plaazen wireless internet ubidden. Wann déi hir oft irrealistesch Praisstruktur iwwerdenken, an daat och op hir servicer ausserhalb vun der Stad ausdehnen, ass et vlaicht geschwenn a Ballungsgebitter net méi néideg eng eegen Telefonslinn am Haus ze hun. D’Suerg, dass deen anonymen service fir illegal aktivitéiten giff genotzt gin, zerschleit de Pit David vum teschneschen Dengscht vun der Stad Letzebuerg, well d’acces points permanent doropshin iwwerwaacht gin an noutfalls kéinte blokéiert gin.

Anyway, e gudde Start. A spéitsdens wann dann wéi zu Zurech oder an England och d’Busser mat WIFI Hotspots equipeiert gin, haette mer mobilen Internet Acces och wierklech flächendeckend.

Tania Derveaux and her assistant

Firun e puer Wochen hun ech fir d’éischt vun der NEE Partei an der Belsch héiren. Dest ass en onoofhengegen Mouvement vun Antwerpen déi bei de Wahlen bei eise Noperen den nächste Sonndeg 10. Juni waert untrieden.

D’Partei ass geduecht fir déi Leit, déi fannen dass keng vun den aanere Parteien hir Stemm verdéngt huet. Ugeleent ass de Parteinumm un de Claim Jo! vun der sp.a (sozialisten) / spirit (lenksliberal) déi an de laeschten Wahlen 2003 bal 15% vun de Stemmen an domat 23 Setzer an der Chamber kruuten. Fir den offizielle site ze zitéiren:

NEE works around political awareness and offers voters in Belgium the option to vote ‘no’ if they find that none of the parties deserve their vote. ‘No’-votes would simply create empty seats in parliament, resulting in a loss of income and power for the other parties, and giving the voters the power to sanction politicians if needed.

This is a concept that has never before been implemented in any political system worldwide. We hope to introduce the idea on an international scale because it makes for a higher level of democracy in which politicians are forced to live up to their promises as people are actually able to fire them if they wish. This would also result in a clearer view on the popularity of extremist parties, because people often vote for extremes out of dissatisfaction but don’t necessarily agree with those parties.

Alles schéin a gutt, sou Mouvementer gouf et jo schon op méi Plaazen, mais d’Nee Partei huet alt besonnesch Methoden medial Opmierksamkeet ze kréien:

 

Tania Derveaux
Ech well Dech warnen, dass Politik méi ass wéi eng Nuebelschau.

Enner Nabelschau (gr: omphaloskepsis) versteet een allgemeng en ze staark Fokusseirung op sech selwer, oft och eng sennlos Intrspektioun déi een besser haett ze ennerloossen an sech sengem Emfeld zouzewenden.

D’Senatskandidatin vun NEE, d’Tania Derveaux, versprecht op sengem Internet site, nodeem d’Offer fir400.000 nei Aarbechtsplaazen ze schaafen net serieux geholl gin ass, ewell 40.000 Blowjobs.

Alt rem en eidelt Wahlverspriechen hun ech mer geduecht. Mais nee, nodeem ech mech do ugemellt haat a brav den blowjob request form ausgefellt hun, huet d’Tania mer haut geschriwwen, dass hatt zwar selwer net kann, mais dass seng Assistentin deen Job iwwerhellt. Mat engem link op deen heite Site, wou em d’Lin Chong, Assistentin vum TaniaDerveaux dat Wahlverspriechen anhaellt.

Daat léisst dach hoffen dass eis Belsch Noperen méi aware gin fir déi national Politik, an se sech och vun hire Volleksvertrieder hir Verspriechen aléisen loossen.

EDIT: No de Wahlen bleiwt alles beim alen: NEE kruut 0,3% vun de Stemmen bei der Wahl. Net deck, mais d’campagne huet awer secherlech gehollef conscience fir de politeschen Eenheetsbrai ze promoveiren.

An och em Tania sain naechsten Projet waert secherlech medial Opmierksamkeet kréien. E casting fir an engem Film (Intellectual Porn – a movie about love, friendship and other deep shit) dem Tani sain Sexpartner ze sin. Dei eischt video applications sin ukomm, an deelweis grotesk witzeg.

Unintended – Muse concert @ Rockhal / Luxembourg

Muse huet an der Rockhal gespillt !

Muse @ Rockhal Luxembourg

Net wait vun do wou sie schon 2002 um Steelworx festival gerockt hun, huet d’equipe em den Matt een exceptionnelen concert gespillt. Och wan sie vun der Musek hir net dermoossen evoluéiren, kréien se et dach hin mat vill elektronescher Ennerstetzung (ween ass eigentlech dee 4. kaerel deen waerend dem concert hannen um computer setzt an vocoder steiert an zousaetzlech spueren aspillt?) an duerch eng äusserst gelongen lightshow (mat 3 groussen ecran’en iwwert der Bühn, wou divers nei videoen a visuals waerend der show gewisen gin), dass hiren Optrett iergendwou memorabel bleiwt.

Muse @ Rockhal Luxembourg

Start war géint 8:40, an d’setlist, bei muselive geklaut, war déi hei:

1. Knights of Cydonia
2. Hysteria
3. Supermassive Black Hole
4. Map of the Problematique
5. Butterflies & Hurricanes
6. Micro cuts
7. Hoodoo
8. Feeling Good
9. Sunburn (Matt on piano)
10. Invinvible
11. Starlight
12. Man of Mystery
13. Time is Running Out
14. Riff 2
15. Newborn + Riff
______________________
16. Unintended (Matt on acoustic guitar)
17. Plug in baby
18. Crazy Daft Punk Style Riff with Korg pad
19. Stockholm Syndrome + Riff
20. Take a Bow

woubai natirlech d’spillen vun Unintended (sait 6 Joer net méi gespillt according to Matt) an Micro cuts bei aalen Fans besonnesch gutt ukomm ass. E puer Videoen gin et scho bei youtube & co : Unintended (again, and again), micro cuts, riff vun man of mystery, schluss vun plug in baby mat de klasseschen konfetti ballonen, starlight, feeling good, sunburn. A mettlerweil nach vill méi.

Muse @ Rockhal Luxembourg

Schued war just, dass et zevill professionell gewierkt huet, ee lidd nom aaneren, an ausser Luxembourg ca va? an goodbye tschuess gouf bal naischt geschwat. Anyway, invincible show, merci atelier.

a mol gespaant ob se um ring dann alt na bliss an muscle museum spillen, déi lidder hun hei gefeelt.

Edit: Ennert deene 5000+ Leit waren och de Joel, d’Andrea, de Cams, den Nigel (flott Fotoen), de Georges, den Tom an d’Steph, déi hir impressiounen vum concert matdeelen. Ausserdem nach Fotoen beim Pitsch, beim Nickie, an eng flott gallery bei microcuts.

Zu Belval ass e Saak Rais emgefall

E saak rais

Eigentlech wollt ech jo geschter just d’maquetten vum Architekteconcours fir d’Maison du savoir op Esch Belval kucken goen. Mais vu dass ech do net kenneg sin stoung ech da beemol firun der fréierer Gebléishal vun der Arbed. An déi hellblo Faarw vun de calicoten drop huet mer spontan loscht op eng kultruell Erfahrung gin.

D’Ausstellung heescht “All we need“, a soll d’visiteuren ureegen ze iwwerleen waat wierklech wichteg ass am liewen. Praktesch bedeit daat, dass 10 Thematiken op 4 Staeck duerstellen, waat de Mensch als lieweswaert valeuren kann considéréiren.

Relax water

Ugefaang mat Fraizait (relax), eng Plage an eng originell Mieresduerstellung, déi et och net Katholiken erlaabt iwwert d’Waasser ze goen. Bei survive stin kéipweis Iesswueren rondrem, a kleng Kanner kennen sech mat enger ganzer wand voll singing fish ameséiren. Méi obskur ass d’Statioun 3, Choose, flott der Konsumgesellschaft de Spijhel roofgerappt an d’Mask firgehaal, an eise choix tescht shampoo a seefen dem choix tescht diversen Parteiclaims glaichgesaat. Iwwerflesseg fannen ech dass d’Ilres dat ganzt notzt fir daten iwwer d’Visiteuren ze sammelen. Eng Emfro um Internet matmaachen schéin a gutt, mais arithmetesch Aschaetzungen ze gin ouni herno déi richteg Aentwerten ze kréien ass bessen sennlos.

Politik zu Letzebuerg

Love, belong & protect, sin déi next Statiounen, bei deenen een e.a. d’Entstehung vun enger Jeans kann matverfolgen kann. Understand, déi nächst Statioun, wellt e Verglach tescht net zesummenhängenden Zuelen schaafen. A vu dass jo kee Mensch sech wellt Zuelen mierken, gin Gréisstenuerdnungen duerch méi oder manner grouss Raisbierger duergestallt. Flott iddi, just och do feelen d’Referenzen. Well op Aemooss d’Ratio “Deeglech Passagéier vun der Ryanair / personnes travaillant au Luxembourg” ze bestemmen ass net evident. Trotzdem ass dest warscheinlech deen Deel wou een am meeschten Wessen- an Reflexiounsmaterial mat heem huelen kann (an eventuell och e puer Gräpp Rais wann ee grouss Taeschen huet).

Shell Wind Energy

La suite, create, mat enger selfmade Uergel-Konstruktioun an engem Tuerm Computertastaturen, on s’en passe. Dream finally ass eng flott Geleenheet sech einfa mol bequem néierzeleen a Rieden a Musek ze lauschtren, éier een do vum 4. Stack iwwer eng Rutschbahn roof op de Buedem vun den Tatsaachen (stand up) zréckkennt.

Insgesamt ganz informativ, ween nach nie sain oekologeschen Foussoofdrock ausgerechent huet kann daat hei och maachen, a ween e Fetisch fir verstebsten Autoen huet kann sech am Deel vun der Haal, deen net fir d’Expo genotzt gett, eng Fourière mat méi oder manner accidentéierten Autoen ukucken.

Dusty wrecked cars

A fir déi Leit deenen naischt un der Ausstellung lait, et kann och scho flott sin sech einfach mol déi Haal unzekucken, mat e puer Reliquien aus der Glanzzait vun eiser Stohlindustrie.

verboten seitlich zu schleifen

Sief na ze erwähnen dass firun der éischter Statioun e Video vum George Carlin ze gesin ass, hors contexte, mais sain “Modern man” ass trotzdem emmer rem flott ze gesin. Hei den Transcript vum Text (Copyright George Carlin)

“I’m a modern man, a man for the millennium. Digital and smoke free. A diversified multi-cultural, post-modern deconstruction that is anatomically and ecologically incorrect. I’ve been up linked and downloaded, I’ve been inputted and outsourced, I know the upside of downsizing, I know the downside of upgrading. I’m a high-tech low-life. A cutting edge, state-of-the-art bi-coastal multi-tasker and I can give you a gigabyte in a nanosecond!

I’m new wave, but I’m old school and my inner child is outward bound. I’m a hot-wired, heat seeking, warm-hearted cool customer, voice activated and bio-degradable. I interface with my database, my database is in cyberspace, so I’m interactive, I’m hyperactive and from time to time I’m radioactive.

Behind the eight ball, ahead of the curve, ridin the wave, dodgin the bullet and pushin the envelope. I’m on-point, on-task, on-message and off drugs. I’ve got no need for coke and speed. I’ve got no urge to binge and purge. I’m in-the-moment, on-the-edge, over-the-top and under-the-radar. A high-concept, low-profile, medium-range ballistic missionary. A street-wise smart bomb. A top-gun bottom feeder. I wear power ties, I tell power lies, I take power naps and run victory laps. I’m a totally ongoing big-foot, slam-dunk, rainmaker with a pro-active outreach. A raging workaholic. A working rageaholic. Out of rehab and in denial!

I’ve got a personal trainer, a personal shopper, a personal assistant and a personal agenda. You can’t shut me up. You can’t dumb me down because I’m tireless and I’m wireless, I’m an alpha male on beta-blockers.

I’m a non-believer and an over-achiever, laid-back but fashion-forward. Up-front, down-home, low-rent, high-maintenance. Super-sized, long-lasting, high-definition, fast-acting, oven-ready and built-to-last! I’m a hands-on, foot-loose, knee-jerk head case pretty maturely post-traumatic and I’ve got a love-child that sends me hate mail.

But, I’m feeling, I’m caring, I’m healing, I’m sharing– a supportive, bonding, nurturing primary care-giver. My output is down, but my income is up. I took a short position on the long bond and my revenue stream has its own cash-flow. I read junk mail, I eat junk food, I buy junk bonds and I watch trash sports! I’m gender specific, capital intensive, user-friendly and lactose intolerant.

I like rough sex. I like tough love. I use the “F” word in my emails and the software on my hard-drive is hardcore–no soft porn.

I bought a microwave at a mini-mall; I bought a mini-van at a mega-store. I eat fast-food in the slow lane. I’m toll-free, bite-sized, ready-to-wear and I come in all sizes. A fully-equipped, factory-authorized, hospital-tested, clinically-proven, scientifically- formulated medical miracle. I’ve been pre-wash, pre-cooked, pre-heated, pre-screened, pre-approved, pre-packaged, post-dated, freeze-dried, double-wrapped, vacuum-packed and, I have an unlimited broadband capacity.

I’m a rude dude, but I’m the real deal. Lean and mean! Cocked, locked and ready-to-rock. Rough, tough and hard to bluff. I take it slow, I go with the flow, I ride with the tide. I’ve got glide in my stride. Drivin and movin, sailin and spinin, jiving and groovin, wailin and winnin. I don’t snooze, so I don’t lose. I keep the pedal to the metal and the rubber on the road. I party hearty and lunch time is crunch time. I’m hangin in, there ain’t no doubt and I’m hangin tough, over and out!”

Edit: fir em George Carlin sain Gebuertsdag, seng 101 bescht Zitater.

D’Ausstellung leeft na bis den 28. Oktober. Tarif jeunes: 3 Euro, a wann een et mam oeffentlechen Transport bis dohi packt kritt een och eng remise.

Maison du savoir zu Belval – Projeten fir d’Haerz vun der Cité des Sciences

Iergendwann Enn 2005 gouf zu Letzebuerg op harmonesch Art a weis d’Decisioun getraff d’University of Luxembourg op engem site unique zu Belval zesummenzeféiren. Dass d’Discussiounen dozou nach laang net riwwer sin, dass d’Staadter emmer nach net zou sech kommen dass déi prestigiéis Uni vum Lampertsbierg op den Escher Dreckstipp soll plenneren, an dass lo alt nach gehofft gett weinstens aaner national Hellegtümer wéi d’Archiven an der Stad ze behaalen, all daat haellt de Fonds Belval awer net op, fir d’Constructioun vun der Uni zu Esch firun ze dreiwen, fir dass déi iwwerdriwwen optimistesch Pläng fir 2010 déi éischt Plenneraktiounen an de Sueden vum Land ze erliewen kennen agehaal gin.

Skip, Belval

Am Skip, daat gewelltent gielt Gebei direkt um rond point Ramerich, sin sait haut 10 Maquetten a Posteren ausgestallt, déi d’Preselektioun vum Architekteconcours iwwerliewt hun. Et sin dest 10 méi oder manner gelongen Projet’en fir d’maison du savoir, daat éischt an zentralt Gebei daat um Terrain soll entstoen.

Waerend den Haer Tarrach sech bei all Geleenheet dofir ausschwetzt, dass soll probéiert d’gin déi historesch Bauten vun der Schmelz mat an déi Gebeilechkeeten ze intgréiren, hun déi wéinegst Architekten sech déi Iddi zu Haerz geholl. Aus deene meescht net innovativen Projeten stiechen der 2 awer besonnesch erfir:

Maison du savoir

De Projet Hermann & Valentiny (LU) deen trotz immens vill verluerenem Raum sech super giff an de site agliederen.

Maison du savoir2

De Projet XX (wee war daat?), mat enger megalomaner constructioun déi un e Stapel Bicher soll erenneren.

Flott ass dass sech bei ville Projeten net op daat ee Gebei reduzeiert gouf, mais dass och den ensemble vun der cité des sciences mat modeliseiert gouf fir ze weisen wei sech d’masion du savoir urbaistesch an daat Konzept agliedert. Vu dass jo ee vun deene projeten waert realisiert gin, ass et dowaert sech di Expositioun engker ukucken ze goen. An iergendwann géint 2015 fir d’ouverture vun der cité des sciences waerten eis Politiker sech dann an d’éischt Rei op d’Foto drécken, wann de Bändchen do endlech duerchgeschnidden gett.

Vum 12. bis 20. Mee, all Daach vun 12 bis 19 Auer op, am Skip, op 10 rue Henri Koch

EDIT: Gewonn huet “Baumschlager & Eberle Ziviltechniker Gmbh” et “Christian Bauer & Associés Architectes S.A.”  mat desem Projet. Anscheinend well sech deen Tuerm mat Dexia an Heichuewen zu engem Trio ergänzt deen Wessenschaft, Industrie a Finanzen representéiert. Schéi Geschicht. A waat maache mer mat der neier Bank dei dohi kennt?