Maison du savoir zu Belval – Projeten fir d’Haerz vun der Cité des Sciences

Iergendwann Enn 2005 gouf zu Letzebuerg op harmonesch Art a weis d’Decisioun getraff d’University of Luxembourg op engem site unique zu Belval zesummenzeféiren. Dass d’Discussiounen dozou nach laang net riwwer sin, dass d’Staadter emmer nach net zou sech kommen dass déi prestigiéis Uni vum Lampertsbierg op den Escher Dreckstipp soll plenneren, an dass lo alt nach gehofft gett weinstens aaner national Hellegtümer wéi d’Archiven an der Stad ze behaalen, all daat haellt de Fonds Belval awer net op, fir d’Constructioun vun der Uni zu Esch firun ze dreiwen, fir dass déi iwwerdriwwen optimistesch Pläng fir 2010 déi éischt Plenneraktiounen an de Sueden vum Land ze erliewen kennen agehaal gin.

Skip, Belval

Am Skip, daat gewelltent gielt Gebei direkt um rond point Ramerich, sin sait haut 10 Maquetten a Posteren ausgestallt, déi d’Preselektioun vum Architekteconcours iwwerliewt hun. Et sin dest 10 méi oder manner gelongen Projet’en fir d’maison du savoir, daat éischt an zentralt Gebei daat um Terrain soll entstoen.

Waerend den Haer Tarrach sech bei all Geleenheet dofir ausschwetzt, dass soll probéiert d’gin déi historesch Bauten vun der Schmelz mat an déi Gebeilechkeeten ze intgréiren, hun déi wéinegst Architekten sech déi Iddi zu Haerz geholl. Aus deene meescht net innovativen Projeten stiechen der 2 awer besonnesch erfir:

Maison du savoir

De Projet Hermann & Valentiny (LU) deen trotz immens vill verluerenem Raum sech super giff an de site agliederen.

Maison du savoir2

De Projet XX (wee war daat?), mat enger megalomaner constructioun déi un e Stapel Bicher soll erenneren.

Flott ass dass sech bei ville Projeten net op daat ee Gebei reduzeiert gouf, mais dass och den ensemble vun der cité des sciences mat modeliseiert gouf fir ze weisen wei sech d’masion du savoir urbaistesch an daat Konzept agliedert. Vu dass jo ee vun deene projeten waert realisiert gin, ass et dowaert sech di Expositioun engker ukucken ze goen. An iergendwann géint 2015 fir d’ouverture vun der cité des sciences waerten eis Politiker sech dann an d’éischt Rei op d’Foto drécken, wann de Bändchen do endlech duerchgeschnidden gett.

Vum 12. bis 20. Mee, all Daach vun 12 bis 19 Auer op, am Skip, op 10 rue Henri Koch

EDIT: Gewonn huet “Baumschlager & Eberle Ziviltechniker Gmbh” et “Christian Bauer & Associés Architectes S.A.”  mat desem Projet. Anscheinend well sech deen Tuerm mat Dexia an Heichuewen zu engem Trio ergänzt deen Wessenschaft, Industrie a Finanzen representéiert. Schéi Geschicht. A waat maache mer mat der neier Bank dei dohi kennt?

2 Responses to “Maison du savoir zu Belval – Projeten fir d’Haerz vun der Cité des Sciences”



  1. 1 Zu Belval ass e Saak Rais emgefall « assisted thinking Trackback on May 13, 2007 at 7:05 pm
  2. 2 Belval - Cité de la tune « assisted thinking Trackback on July 30, 2007 at 4:32 pm

Leave a comment