Dest ass en update zum Artikel iwwer den "L'Essentiel", déi soi-disant éischt Letzebuerger Gratiszeitung.
Jonk, urban, kaafkräfteg war geschter, lo gouf en neien Zielpublikum fir den essentiel definéiert:
Zielpublikum sind insbesondere die mehr als 100.000 Beschäftigten, die aus dem grenznahen Ausland nach Luxemburg zur Arbeit kommen.
100.000 Grenzgänger déi alleguer glaichgeschalt déi nämlecht Nouvellen ze liesen kréien; why not, mir lauschtren jo och all just den 92,5. An de Summerméint keng Zeitung, well de manque u potentiellen Lieser eng Diminutioun vun de Finanzementer (Publicitéit) mat sech bréngt; net schlemm, am Summerlach geschitt souwisou naischt wichteges.
J’ai souvent envie de refiler 1 € à ces pigeons pour qu’ils aillent s’acheter un vrai journal. (via)
Am Ausland ass een sech no e puer Joer Experimentatioun mat der presse gratuite emmer nach net secher ob dee System lo Zukunft huet oder awer net lucratif ass. Während Metro, Virreider vun der presse gratuite mat Setz zu Letzebuerg, hir Publikatioun an der Schwaiz, an Dänemark, Polen, Argentinien an UK schon opgin hun oder de Business verkaaft hun (Finland), ass déi Form vun Dagespresse zu Letzebuerg bis elo inexistent.

Symbolfoto L'essentiel, copyright Editpress
Or wann de Pietre Supino (Vizepräsident vum Verwaltungsrot vun Edita, Joint venture Editpress&Tamedia) da seet “(…) dass Editpress ein ähnliches publizistisches Verständnis wie Tamedia pflege, das auf Unabhängigkeit, Offenheit und Streben nach Qualität beruhe”, an d’Tageblatt deen Artikel mat desem Cover bebildert (Eng Sélectioun aus handy-sonneries, Doudschlag, Moud, Konsumenteninfo, Sport a paris hilton), da froen ech mech ob Qualitéit bei der neier “Pendlerzeitung” ganz aanescht verstan gett, oder ob just d’Symbolbild express sou gewielt war well Tageblatt net sou glécklech mat daer Konkurrenz aus eegenem Haus ass.
De Video deen editpress fir de lancement difuséiert, bidd leider keng Zousazinfo, a léisst eis mat der Hoffnung dass d’Qualitéit vun der Zeitung awer besser waert sin wéi déi vun deene newsclips déi d’Tageblatt sait e puer Wochen hei iwwer youtube diffuséiert.
“63 Prozent der Nichtluxemburger Gebietsansässigen und 61 Prozent der 14- bis 25-Jährigen lesen keine Tageszeitung” schreiwt d’Tageblatt hei. Da bleiwt d’Fro ob all déi sech ab dem 10. Oktober (date de lancement) als Zeitungslieser bezeechnen daerfen, nemme well se all moies am bus e potpurri aus sport, people, tele a panorama news iwwerfléien.
EDIT: 24/09: De Paperjam schreiwt hei vun fréieren Iddien vun ISP & Editpress fir zesummen sou e gratuit ze lancéiren. A verréit eis dass eng Sait Reklamm an der Zeitung scho fir 3280 EUR ze kréien ass (1/3 vum Annonceprais am Wort, awer emmer na méi deier wéi am établéierten quotidien).
EDIT 10/10: Haut ass et lassgaang, l’essentiel est lancé.